Bal zesumme mam Aérosport

Den 20. Januar 2012 ass eise Bal "Flitts du nach oder spréngs du schon?". Dësen organiséire mir zesumme mam Aérosport am Check-Inn um Findel. Um 18h00 geet et lass mat enger After-Work Party an um 22h00 gëtt dann de Keller gerockt.

Mosel-Lux Boogie 2012

Dëse gemeinsame Week-end mat den Tréirer Kolleegen ass well zu engem feste Rendez-Vous gin. D'Éditioun 2012 fënnt de Week-endvum 26. Mee statt, dës Kéier bäi eis zu Näertrech. Notéiert iech den Datum, weider Detailer kommen hei nach no.

Saisonsufank 2012

Den 3. a 4. März 2012 fänkt d'Saison erëm un. D'Sécherheets- a Paakkuren déi dozou gehéiren, fannen demno och dee Week-end statt. Denkt drun am Wanter äert Material checken ze loossen, an och ob d'Lizenz muss verlängert gin oder nët.